Servicer

IMG-20250514-WA0022

Eise Service am Iwwerbléck

Egal ob nei Daachdeckung, Sanéierung oder Reparatur – mir decken Äert Daach fachgerecht an nohalteg. Zousätzlech këmmeren mir eis ëm Fassadsaarbechten, den Innenausbau an déi reegelméisseg Entretien, fir dass Äert Gebai optimal geschützt bleift. Och Montageaarbechten wéi d’Montage vu Daachfënsteren oder Solaranlagen gehéieren zu eisem Déngschtleeschtungsberäich.

scartech_icons-01

Dachdeckungen

Eng professionell geplangten a fachgerecht ausgefouert Daachdeckung ass essentiell fir d’Liewensdauer an d’Energieeffizienz vun engem Gebai. Mir bidden professionell Daachreparaturen, Sanéierungen an Nei-Deckungen fir schréi an flaach Daacher un. Eist Zil ass et, Heizkäschten ze reduzéieren an d’Ëmwelt ze schounen andeems mir nohalteg a laanglieweg Léisunge benotzen.

scartech_icons-02

Fassadsaarbechten

D’Fassade ass d’Gesicht vun Ärem Gebai – si schützt net nëmmen géint Wiederafléiss, mee dréit och wesentlech zur Energieeffizienz bäi. Mir bidden Fassadsléisunge no Mooss, déi Funktionalitéit mat engem attraktiven Design verbannen.

scartech_icons-03

Innenausbau

Egal ob Isoléieraarbechten, Ausbau vum Daachstull oder Trockenbau – mir schafe wuelbefannen Wunnraim mat optimaler Isolatioun an engem modernen Design.

scartech_icons-04

Entretien

Reegelméissegen Entretien ass de Schlëssel fir de Wäerterhalt vun Ärer Immobilie. Eis Entretienaarbechten schützen Äert Gebai géint laangfristeg Schied a kaschtspill Reparaturen. Loosst eis kleng Beschiedegungen rechtzäiteg erkennen an ausbesseren.

scartech_icons-05

Montageaarbechten

Är al Daachfënsteren si net méi dicht oder veralt? Mir bauen se professionell aus a rësten no – fir méi Liicht, Belëftung an Energieeffizienz. Zousätzlech montéiere mir Photovoltaik- a Solaranlagen souwéi allgemeng Montageaarbechten a speziell Wënsch vu Clienten.