
Daachrenovéierung vun engem Stall
Daachrenovéierung vun engem Stall – Fachgerecht sanéiert a moderniséiert
Fir d’Daachrenovéierung vun dësem Stall hu mir als éischt déi al Deckung an dat beschiedegt Holz ofgebaut. Duerno goufen nei, stabili Balken agesat, fir d’Struktur ze verstäerken.
Den Daach gouf mat moderne Sandwich-Elementer nei gedeckt, déi fir eng optimal Isolatioun an eng laang Liewensdauer suergen. Mir hu och eng Liichtkuppel integréiert, fir natierlecht Liicht eran ze loossen an eng frëndlech Atmosphär ze schafen.
En Daach, deen vu Grond op erneiert gouf – effizient, dauerhaft a funktionell.